Optimismus ass dëser Deeg gefrot. Eng gutt Portioun dovunner huet de Joris a sengem neie Lidd parat.

Nur die Musik ass erëm en typescht Joris-Lidd; de Museker aus Niedersachsen bréngt et ëmmer nees fäerdeg Stécker ze schreiwen déi no um richtege Liewen a voller Emotioune sinn. Wien de Text vun Nur die Musik e bëssen analyséiert, fënnt relativ séier eraus datt de Joris fir en Dag laang op alles dat päift wat him soss Kappzerbrieches mécht. Gutt Laun, Optimismus an eng Grëtz Glécksgefiller beschreiwen u sech ganz gutt wat de Joris do op d'Leit lassléisst.