D'Fans vum Billie Eilish kënne mat Sécherheet eppes mam Numm Finneas ufänken. Fir déi aner: de Finneas ass de grousse Brudder vun der Bad Guy-Sängerin.

De Finneas schreift a produzéiert Musek, virun allem fir seng Schwëster, ma net nëmmen. D'lescht Joer huet den Amerikaner seng Debut-EP Blood Harmony op de Marché bruecht fir déi et schonn zënter Oktober 2018 eng éischt Single ginn ass. Let's Fall In Love For The Night weist dem Finneas seng romantesch Oder; et geet ëm e Meedchen dat de Kënschtler ni kennegeléiert huet a sech domadder offënnt, respektiv arrangéiert, fir vun enger Bezéiung mam Meedchen, an engem aneren Universum, ze dreemen, awer nëmmen temporär. Firwat d'Lidd elo aktuell ass? Well dëse Mount endlech e Video fir Let's Fall In Love For The Night erauskomm ass. Een Argument, oder?