Mat ganz vill Fantasie kann ee beim Numm Forest Blakk un de Schwarzwald denken. Mécht awer hei kee Sënn, well de Mann aus Kanada ass. Trotzdeem huet de Forest eppes mat Däitschland ze dinn.

Um Cover vu senger neier Single I Wish I Knew gesäit een nämlech e Badge deen den Ëmrëss vun engem Land weist. 3 mol dierft dir roden... Genee, Däitschland. De kanadesche Singer/Songwriter wëllt net all Geheimnis verroden, ma virun net all ze laanger Zäit huet hien 3 Joer an Däitschland verbruecht an datt hien do iergendwou an enger kaler Wunneng souz an den Himmel aus Solidaritéit mat him gekrasch huet. Beim Forest Blakk geet et ëm vill Gefiller, akustesch mat vill Piano. I Wish I Knew ass en Extrait aus der EP Sideways déi Mëtt Juni offiziell erauskënnt an ass fir jiddereen dee sech wënscht d'Zäit zeréckdréinen ze kënnen an d'Vergaangenheet z'änneren.