Op den éischte Bléck gesäit och een deen net perfekt Englesch kann, datt am Wuert Relationshit eppes net stëmmt. E Schreiffeeler ass net. Also ass et sou gewollt.

Déi däitsch-brittesch Sängerin Emily Roberts huet aus Relationship eben Relationshit gemaach. Den iwwerzeegte Single huet och en däitleche Message; d'Emily seet wat vill Singlë sech net trauen, nämlech datt et komplett ok ass eleng ze sinn an datt een dat och si sou loosse wëllt. Déi jonk Sängerin hat keng Loscht méi op Matleed a beschreift seng Situatioun, Single sinn, als eng Zort Luxus. Gekoppelt ass dat ganzt mat engem frechen a funky Sound, an de Refrain bleift souguer och nach hänken. Den Numm Emily Roberts sidd dir villäicht scho begéint, d'lescht Joer hat d'Madamm beim Gamper & Dadoni-Hit Bitter Sweet Symphony, jo dat vun The Verve, gesongen. De Video vu Relationshit huet haut um 12:00 Première gefeiert.