Mam Ree koum den Ufank vum Enn. Dee leschte groussen Hit vu Supertramp 1982 war anengems d'Trennung vum Roger Hodgson.

17/06/2020 HitStory - IT'S RAINING AGAIN

Breakfast in America“ - mat dësem 6. Album war déi brittesch Progressiv-Art-Rock-Band „Supertramp“ 1979 um Zenit vun der Karriär ukomm. Deen typesche Supertramp-Sound hat sech duerchgesat: Deen onverkennbare Piano a Keyboard, den ongewinnten Asaz vu Saxophon a Klarinett an déi zwou komplett verschidde Stëmme vun Roger Hodgson a Rick Davies.
Déi zwee Patronen vun der Band haten no „Breakfast in Amerika“ an no enger intensiver Tournée Problemer nees beieneen ze fannen. De Hodgson wollt an Direktioun Pop a Softrock goen, den Davies hat eng Virléift fir R&B an Jazz.

D'Opname fir deen nächsten Album ware komplizéiert, de Roger an de Rick hu sech ëmmer méi ausernee geliewt, musikalesch awer och geografesch. De Hodgson hat sech mëttlerweil mat senger Famill an Nordkalifornien installéiert a wollt sech endlech säin Dram vun engem Solo-Album erfëllen.
Um Enn gouf sech gerappt, 9 Songs konnten de Wee op een neie Supertramp-Album fannen, 5 vum Hodgson, 4 vum Davies. Et war awer scho kloer, datt et an där Besetzung net méi kéint weidergoen. 
Den Titel vum Album huet alles gesot: „... Famous Last Words...“ - mat, 1982,  engem leschte groussen Hit: It's Raining Again. Musek an Text vum Roger Hodgson, de Reen deen d'Enn vun enger Léift bedeit. Interessanten Detail ass wuel deen um Schluss vum Lidd agebauten alen englesche Kannerreim „It's raining, it's pouring“

Vu Juli bis September 83 si Supertramp nach eemol op eng intensiv an erfollegräich Welttournée gaangen, duerno huet de Roger Hodgson d'Band verlooss, leider fir ëmmer ...