U seng éischt grouss Léift erënnert ee sech éiweg. An dem John Miles säin éischten an eenzegen Hit ass wuel och fir d'Éiwegkeet.

19/06/2020 HitStory - MUSIC

Anscheinend war et 1972 mëttes an engem klengen Hotel zu Leeds, et huet dobausse gereent. Owes sollt e Concert sinn, den John Miles hat also nach gutt Zäit. Am Hotel war et eidel, och an der Bar kee Mënsch ze gesinn. Hannen am Eck steet e Piano, den John trëppelt dohinner, sëtzt sech a fänkt u mat improviséieren.

Music was my first love and it will be my last
. Punkt. Méi kloer an einfach geet et wuel net.
Den Ufank war gemaach, an de Rescht koum och relativ séier. E luesen Deel, dann ee mat Rhythmus am 7/8tel-Takt,  dann   nees méi gefillvoll, op en Neits e séieren Deel an um Enn eng grouss Finall.
2 Joer laang huet den John Miles gebraucht, bis en sech getraut huet e klasseschen Orchester ze froen, fir dat Stéck op Plack kënnen ze veréiwegen.
D'Plackefirma war souguer ganz begeeschtert, ass mat gezunn an 1976 koum „Music“ um Miles-Album „Rebel“ eraus. Bal 6 Minutte laang, ongewinnte Rhythmen, Geien a Bléiser ... esou eppes wäert leider ni um Radio lafen, huet den John Miles sech geduecht. Abee: De Contraire sollt antrieden. „Music“ gouf den Hit, et war mol eppes Neies, a vrun allem: En Hommage un dat, ouni dat wuel kee Radio op dëser Welt ka liewen: Musek.
Dem John Miles sollt kee weideren Hit méi glécken, e konnt sech awer als Sänger ë.a. fir Alan Parsons Project en Numm maachen.
An zanter 1985 ass den John Miles a vrun allem „Music“ den absoluten Héichpunkt bei der „Night of the Proms