En däischtere Song vun de Stones dee seng Quell allerdéngs an engem südpazifeschen Inselparadäis huet.   

26/06/2020 HitStory - PAINT IT BLACK

Mëtt de 60er Joren op de Fidschi-Inselen. D'Rolling Stones verbréngen hei e puer Deeg Vakanz a maachen, duerch Zoufall, eng éischte Kéier Bekanntschaft mat engem alen Instrument aus Persien, der Sitar.

Zeréck am Studio zu L.A., d'Stones si grad mat den Opname fir den Album „Aftermath“ am Gaangen, sëtzt de Bassist Bill Wyman sech un d'Uergel a fänkt u mat improviséieren. Den Charlie Watts kënnt dobäi a klappt monter drop lass. De Brian Jones, dee voll a senger experimenteller Phase ass, péckt d'Sitar aus. Dat Instrument also, dat se am Südpazifik kennegeléiert haten an dat de Brian vum Beatle George Harrison un d'Häerz geluecht krut.
An esou entsteet de 6. Mäerz 1966 e Lidd, dat net nëmme bei Pessimisten Androck hannerléisst. Dem Mick Jagger säin Text beschreift e Mann, deen trauert an dowéinst alles schwaarz gesäit. Trauert en ëm seng Frëndin oder ëm d'Léift, déi gestuerwen ass? De Mick huet et ni konkret erzielt, wollt einfach nëmmen en extrem trauregen Text schreiwen, zitéiert awer aus dem ireschen Auteur James Joyce sengem Roman „Ulysess“ de Saz: „Ech muss ewechkucke bis meng Däischtert verschwënnt“.

Den Jagger sot mol eng Kéier hie géing „Paint it black“ als eng Zort tierkescht Lidd beschreiwen. A vum tierkeschen Artist Erkin Koray gëtt et e Lidd vun 1962, dat dach staark Parallellen opweist.

D'Stëmmung vu „Paint it black“ léisst kee kal. Onheemlech an exotesch, voller Feier a meditativ, friem an awer vertraut, meditativ an zu déifst negativ. 1 Joer virum „Summer of Love“ a matzen am Vietnam-Krich kritt d'Nummer séier eng nohalteg an international Bedeitung.

1966 eng Nummer 1 an Amerika an a Groussbritannien, de Song ass an diverse Filmer opgedaucht, ë.a. am „Full Metal Jacket“ an am „The Devil's Advocate