Virun 3 Joer hu sech de Ben an de Luke fir d'éischte Kéier an hirem Liewe begéint an et huet direkt Klick gemaach, frëndschaftlech wéi musikalesch. Kee Wonner datt am August eng gemeinsam EP erauskënnt.

De Ben Cramer ass Amerikaner a publizéiert Musek ënnert dem Kënschtlernumm Old Sea Brigade. De Luke Sital-Singh, e Britt mat indeschen Originnen; an dann hätte mir eis Këppelchen déi den 28. August d'EP All The Ways You Sing In The Dark presentéieren. Eng EP déi wärend nëmmen enger Woch entstanen ass, déi schéngen also wierklech gutt mateneen eens ze ginn. Déi éischt Single heescht Call Me When You Land an ass d'Resultat vun engem Owend am legendäre Chateau Marmont zu Los Angeles; an deem Hotel ass den James Dean duerch eng Fënster gesprongen, d'Membere vu Led Zeppelin si mam Motorrad duerch d'Lobby gefuer an d'Britney Spears dierf net méi era well et sech am Restaurant vum Hotel Iessen an d'Gesiicht geschmiert huet. Et ass dovunner auszegoen datt sech déi 2 Singer/Songwriter besser beholl hunn.