Wa Superstare sech zesummendinn ka jo nëmmen e Welthit dobäi entstoen. D'Barbra an de Barry hu viru 40 Joer eng vun deene schéinste Pop-Ballade erschaaft.

01/07/2020 HitStory - WOMAN IN LOVE

A Star is Born“ ... schonn 42 Joer virun der Verfilmung mat Bradley Cooper a Lady Gaga en Hollywood-Blockbuster, deemools an den Haaptrollen: Kris Kristofferson a Barbra Streisand, fir déi et 1977 dann och fir de Filmsong en „Oscar“ gouf.

1977 war och d'Joer vu „Saturday Night Fever“ mam onvergiessleche Soundtrack vun de Bee Gees. Alleguer waren se zu deem Moment, jidderee fir sech, Weltstaren. D'Barbra, Actrice a Broadway-Ikone, déi 3 Gibb-Bridder, Pop- an Discogréissten. Et huet also mussen zum Sommet vun den Titane kommen.

Et war d'Barbra Streisand, déi op de Barry Gibb zougaangen ass. Ob hien hir ee ganzen Album kéint schreiwen? Dem Barry war et eng Éier, zesumme mat senge Bridder huet e viru 40 Joer den Album „Guilty“ produzéiert. E ganzen Album, quasi op Mooss geschneidert op der New Yorkerin hire Stëmmvolume, 9 Titelen, dorënner och 2 Duoen.

Am Februar 1980 waren d'Studio-Opnamen a Florida, Enn September koum déi éischt Single-Auskopplung op de Maart. Eng perfekt Ballade, Pop, Softrock, eng Grimmel Musical-Drama, en Hauch vu Kitsch. Eng Fra, déi alles dru setzt fir hire Lover u sech ze bannen.

Woman in Love“ war a 14 Länner eng Nummer 1 an huet aus der Barbra Streisand den definitive Superstar gemaach. Et war iwwregens och weltwäit deen éischten Nummer-1-Hit, an deem den Interpret en Toun permanent iwwer 10 Sekonne laang hält.

D'Barbra Streisand an de Barry Gibb, tëscht deenen iwwregens, och wann dat sengerzäit staark ugeholl gouf, keng gelaf ass, hu 25 Joer méi spéit eng weider Kéier zesummen en Album opgeholl - „Guilty Pleasures“. An 2006 sinn dem Barry Gibb seng Demo-Takes vum „Guilty“-Album opgedaucht.