"Flashdance", de Kultfilm aus den 80er. D'Irene Cara krut en Oscar fir "What a Feeling", de Michael Sembello ass eidel ausgaangen. Dat hat och e gudde Grond.

03/07/2020 HitStory - MANIAC

Den Horrorfilm "Maniac" vum William Lustig aus em Joer 1980, an deem dee schizophrene Seriemäerder Frank Zito zu New York jonk Fraen ëmbréngt.

Am Kino souz sengerzäit och den amerikanesche Songwriter Dennis Matkosky. Nom Film ass den Dennis bei säi gudde Frënd Michael Sembello gaangen an huet gemengt: Do misst een dach eng cool Nummer schreiwen, e Song iwwert e „Maniac“, also een, dee seng Roserei net kontrolléiere kann.
Gesot, gemaach. Matkosky a Sembello hu Musek an Text op de Pabeier bruecht, de Michael huet et agesongen, de Refrain war eendeiteg: „He's a maniac, maniac that's for sure. He will kill your cat and nail him to the door“.
Domadder war den Horrorsong an der Këscht.

1982. De Produzent an Touningenieur Phil Ramone gëtt musikalesche Supervisor fir dee geplangten Danzfilm „Flashdance“ an adresséiert sech och un déi 2 Songwriter Matkosky a Sembello: Si sollen him dach mol e puer Demo-Tapes eraschécken, vläicht ass eppes Brauchbares dobäi.
Dem Michael Sembello seng Fra këmmert sech drëms fir d'Bänner mat de Proposen un de Ramone bei Paramount Pictures ze schécken. Am Pak zoufälleg an ongewollt och d'Opnam vum Horrorfilm-Lidd „Maniac“. Do huet et beim Phil Ramone „klick“ gemaach. Cool Nummer, just den Text geet iwwerhaapt net. Ob een deen net kéint ëmschreiwen? Net op e Seriekiller bezunn, mä op eng besiessen Dänzerin. Kee Problem, eng Saach vu Minutten. E Welthit war gebuer.

De Sembello, deen dann och dee faméise Gittare-Solo am Lidd selwer spillt, konnt am September 83 op d'Plaz 1 an den USA klammen, de Song krut eng Oscar-Nominatioun, déi allerdéngs nees zeréckgezu gouf, well heifir nëmme Lidder a Fro kommen, déi eendeiteg fir dee respektive Film komponéiert goufen. An dat war bei „Maniac“ jo net de Fall. Egal, no dësem One-Hit-Wonder huet de Sembello nach weider fir Filmer geschriwwen, als Produzent geschafft an zanter enger Partie Jore konzentréiert en sech op méi jazzy a spirituell Musek.