Schonn eppes vum Leslie Dwight-Gedicht What if 2020 isn't cancelled? héieren? Ma den Dermot Kennedy op alle Fall mol. Et ass nämlech d'Inspiratiounsquell fir säin neit Lidd Giants.

An dat ass esou nei datt et aktuell (Stand 26/06/2020) mol nach kee Video gëtt. Dat Gedicht vum Leslie Dwight hieft d'Noutwendegkeet vu Verännerungen ervir a wéi dëst Joer als sougenannte Wake-Up-Call dénge kéint. D'Lidd beschreift de Wee an eng ongewëss Zukunft, e Wee dee flott ka sinn, e Wee deen awer och Angscht maache kann. Och wann déi lescht Méint éischter eng hoffnungslos Well ausgeléist huet, sou géif d'Lidd den Dermot Kennedy drun erënneren datt d'Zukunft voller Hoffnung ass an datt Opportunitéiten an der Däischtert sinn. Giants ass déi éischt nei Musek no sengem Debutalbum Without Fear.