Den Dominic Fike hat et net wierklech einfach. Seng Mamm hat Problemer mat Drogen a souz méi am Prisong wéi an der Stuff doheem. Hie selwer huet och missten an de Prisong, hien hätt e Polizist aggresséiert.

Trotzdeem ass de Label Columbia op d'Musek vum Dominic opmierksam ginn an huet alles wat den Amerikaner bis dohinner gebastelt hat aus dem Netz huele gelooss. Mat 3 Nights ass dem Dominic Fike dunn den Duerchbroch gegléckt an elo gëtt fläisseg um Debutalbum gedoktert. Eigentlech hätt d'Lidd Chicken Tenders schonn eng Zäitche dobausse solle sinn, wéinst den historeschen Protester an den USA, Black Lives Matter etc, hat de Dominic decidéiert seng Musek nach net ze publizéieren, ënner anerem well hie sech mat deene Protester identifizéiert.