Hand op d'Häerz; beim Numm Sea Girls denkt een net onbedéngt un eng brittesch Indie-Rock-Grupp mat 4 Männer? Ass an dësem Fall awer sou.

Den Henry, Rory, Andrew an Oli hu sech 2015 zu London fonnt a bis haut 4 EPen erausbruecht, dëst Joer am August soll dann den Debutalbum Open Up Your Head erauskommen. Vun där Plack si schonn 3 Lidder bekannt a mat Do You Really Wanna Know ass elo virun engem Mount e 4. Extrait devoiléiert ginn. An et muss ee kloer an däitlech äntweren; Yes we really wanna know. De Gros vun den Texter vun de Sea Girls, jo nach ëmmer 4 Männer, baséiert op perséinlechen Erfarungen, sou ass den Titel vum Album Open Up Your Head op eng traumatesch Verletzung um Kapp vum Sänger Henry Camamile zeréckzeféieren. Zënter deem Erliefnis leit den Henry ënner Angschtstéierungen. Gemëscht ginn dës Texter mat Melodien déi einfach nëmme matrappen. Et dierf ee sech op den Debutalbum freeën.

℗ A Polydor Records Release; 2020 Sea Girls, under exclusive licence to Universal Music Operations Limited © 2020 Sea Girls