Mol erëm Musek vun eise belschen Noperen, vum Shana Seminara.

Deen Numm ass eventuell net sou geleefeg, Tanae schonn éischter, dat ass de Kënschtlernumm. Déi belsch Sängerin inspiréiert sech gären un Artisten a Gruppe wéi Lauryn Hill, Amy Winehouse, Portishead a méi rezent och Billie Eilish. Wann een dat neit Lidd Listen lauschtert, gëtt ee staark u Portishead erënnert, déi Grupp huet d'Tanae iwwregens scho gecovert. Den 2. Album vum Tanae ass fir Ufanks d'nächst Joer z'erwaarden.