Wie kennt et net? Dann huet een eng Aarbecht ugefaangen, da kënnt hei eppes dobäi, do nach en neie Chantier an dann huet een abee mol keng Zäit méi fir den eigentleche Projet. Dem David Ianni sollt dat net aneschters goen. Ënnert dem Titel Piano Songs hat de Lëtzebuerger scho virun e puer Joer nei Musek opgeholl, nei ass d'Musek nach ëmmer well se bis dato net erauskomm ass.

07/07/2020 David Ianni

Dat huet sech awer d'lescht Woch geännert; den neie Soloalbum vum David Ianni Piano Songs gëtt et elo an digitaler Form.

D'Musek ass an der Chrëschtvakanz 2014, jo dat si 6 Joer hier, zu Wien am Konzerthaus agespillt ginn. Dat war net déi éischt Experienz um Steinway zu Wien, den David zitt et reegelméisseg an Éisträich.

"Ech wëll déi Musek elo endlech eraus hunn!" sou den David Ianni am Interview. Et si Stécker op déi de Pianist immens houfereg ass well se ënner anerem technesch immens schwéier sinn.

Ënnert de Lidder op Piano Songs ass och déi 3. Piano-Sonat vum David ze fannen, eng Optragskompositioun fir de Festival zu Wolz déi Ville Martyre gedeeft ginn ass. Et geet ëm de Generalstreik am Joer 1942 an den doduerch entstanene Misär.

Aner Titele wéi Rise, Gentle an Illusions loossen awer séier drop schléissen datt et kee komplett däischteren Album ass.