Et gëtt et e bësse méi schwéier fir un nei Musek vum Tom Petty erunzekommen, de Singer/Songwriter ass den 2. Oktober 2017 fir ëmmer vun eis gaangen. Trotzdeem dauchen nach Opnamen vun deemools op, deels och bekannte Lidder awer an enger anerer Versioun.

Dat wier zum Beispill och beim Lidd You Don't Know How It Feels de Fall, dat war deemools en Extrait aus sengem 2. Soloalbum Wildflowers deen 1994 erauskomm war. Den Tom Petty war jo och fir seng Musek mat den Heartbreakers, respektiv The Travelling Wilburys bekannt. Bei de Wilburys hunn och nach de Bob Dylan, Roy Orbison, George Harrsion an Jeff Lynne matgewierkt, definitiv eng Supergroup. Zeréck bei seng Solokarriär a bei den Titel You Don't Know How It Feels deen et bis op déi éischt Plaz 1. vun den US Billboard Mainstream Rock Charts gepackt hat. Ma dës Versioun kéint u sech net besser an dës Zäit passen, a Klammere steet elo nämlech hannert dem Titel nach Home Recording, doheem opgeholl, et kéint och akustesch soe, mä maacht iech selwer e Bild.