Dës Kéier Musek vu Köln, awer ouni Konfetti. Den Elias Leon Breit, kuerz Eli, huet virun 2 Joer fir d'éischte Kéier op sech opmierksam gemaach. Säi Lidd Change Your Mind war an enger Telekom-Reklamm ze héieren.

Den däitsche Sänger, Joergang 1998, huet wärend der Primärschoul Piano a Gei geléiert, mat 11 Joer krut hie seng éischt Gittar an e Joer drop schreift den Eli säin éischt Lidd, iwwer e Meedchen an dat hie verléift war. Zu Köln an zu Berlin huet hie sech en Numm als Stroossemuseker gemaach, ma et sollt net all ze laang dauere bis den Eli am Virprogramm vun ënner anerem The Fray optriede konnt. No Change Your Mind sinn nach 2019 3 weider Lidder erauskomm a mat Ghosts presentéiert den Elias elo seng 2. Single fir dëst Joer. Iergendwa misst et dann och mat engem Album klappen.