Wat wier den Heavy Metal ouni seng romantesch Oder? Metallica hunn eis virun 30 Joer eng Rock-Ballade fir d'Éiwegkeet hannerlooss.

08/07/2020 HitStory - NOTHING ELSE MATTERS

Dir kennt dat dach och. Et telefonéiert een, et kritt keen Enn an iergendwann eng Kéier fänkt een un sech op eppes anescht ze konzentréieren an net nëmme méi just op de Gespréichspartner.
Esou war dat och virun 30 Joer beim James Hetfield doheem. De Sänger war um Telefon, anscheinend mat senger Frëndin, an hat seng Gittar nach ëmhänken. No enger gewësser Zäit huet en ugefaange mat senger nach fräier rietser Hand un de Säiten ze zupfen. Eng improviséiert Suite vun Nouten a Re Majeur, dat geet labber mat nëmmen enger Hand.
Dat war den Ufank vun "Nothing Else Matters", aus dem Akkord gouf eng Melodie  an um Enn een iwwer 6 Minutte laange Song.

Ob den James Hetfield beim telefonéieren och dëse Moody Blues-Klassiker am Ouer hat ass net iwwerliwwert, et kéint awer ganz gutt sinn. Op alle Fall huet en d'Lidd, an deem et ëm seng Bezéiung geet, ëm grouss Verbonnenheet trotz Distanz, séier nees op d'Säit geluecht. Dat war näischt fir seng Band, ze perséinlech, ze vill Gefill.
De Batteur vu Metallica Lars Ulrich huet de Song dunn awer zoufälleg op engem Demo-Band entdeckt a war begeeschtert. E konnt den James dozou iwwerrieden, d'Lidd nach eemol z'iwwerschaffen a mat der Band opzehuelen. Dat ass dunn och den 30. Mee 1991 geschitt.
Deen ominéisen 5, schwaarzen Album. Nieft "Enter Sandman" an "The Unforgiven" war "Nothing Else Matters" 1 vun am Ganze 5 Auskopplungen. A wéi sou dacks bei Metal-Bands ass et déi romantesch Ballade, déi bei de Leit am Beschten ukënnt.
Eng zweete Kéier hu Metallica-Hardcore-Fans mussen 1999 schlécken, wéi de Komponist an Dirigent Michael Kamen d'Iddi hat, deen a weider Metallica-Nummeren mam San Francisco Symphony Orchestra opzehuelen.
"Nothing Else Matters" gouf déi zweete Kéier als Single e groussen Hit.