En däitsche Schlager fir matzeschunkelen deen awer sengerzäit de Fanger an eng oppe Wonn geluecht huet. Wéi et zum Udo Jürgens sengem eenzegen Nummer 1-Hit koum ...

10/07/2020 HitStory - GRIECHISCHER WEIN

1972 hat den Udo Jürgens zwar schonn iwwer 50 Millioune Placke verkaf, en Nummer 1-Hit war awer nach net dobäi. Den Udo huet Vakanz op Rhodos gemaach. Bannt nëmmen 20 Minutten huet en donidden e Lidd op Pabeier bruet, vun deem en direkt wosst: Dat dote gëtt e Risesuccès. Et huet just nach e gudden Text gefeelt an op dee sollt en 2 Joer laang waarden.

E puer Auteuren hunn em an där Zäit déi eng oder aner Propose gemaach, een Titel sollt heeschen: "Sonja wach auf". Bis dunn de Librettist Michael Kunze mat der Iddi koum, dat Ganzt an d'Ruhrgebitt ze verleeën. Do an och an aneren Deeler vun Däitschland hunn zanter Mëtt de 50er Joren déi sougenannt "Gastarbeiter" hiert Doheem opginn, fir um däitsche "Wirtschaftswunder" matzehëllefen. Mënschen aus dem Süden, Italiener, Spuenier, Tierken an och Griichen.

Et war zu enger Zäit, wou an der Bundesrepublik vill iwwert d'Situatioun an de soziale Status vun den immigréierten Aarbechtskräften diskutéiert gouf. Den Udo Jürgens a säi Produzent Ralph Siegel haten also den Nerv vun der Zäit getraff. Männer, eleng ouni d'Famill, déi haart hu misse schaffen, fir enges Daags nees kënnen an hiert Land zeréckgoen, an hei e bessert Liewen féieren.

1975 hat den Udo Jürgens dunn säin 1. an och eenzegen Nummer 1-Hit. Hien an den Texter Kunze sinn uschléissend vum deemolege hellenesche Ministerpresident Konstantinos Karamanlis, deen d'Land vun der Militärdiktatur an d'Demokratie gefouert hat, invitéiert gi fir Merci gesot ze kréien. Un der Lag vun de griichesche Gaaschtaarbechter hat sech zwar net vill geännert, mä Griicheland war elo en neit Vakanze-Paradäis fir Däitscher an d'Verkafszuele vum Wäin hate sech méi ewéi verduebelt.