Den nächste Weekend kënnt de 4. Album vum Ellie Goulding eraus. Brightest Blue gëtt den Nofolger vun Delirium dee viru 5 Joer publizéiert ginn ass.

Entstanen ass d'Plack Nummer 4 déi lescht 3 Joer mat der Ënnerstëtzung vun engem ganze Koup Produzenten an aner Artiste wéi den Diplo an den Jamie Scott. De Gros vun de Lidder ass awer vum Ellie Goulding selwer geschriwwen an den Album kënnt als eng Zort Duebel-Album eraus. Op der éischter Säit si praktesch nëmme Lidder drop déi bis ewell nach net erauskomm sinn, gëllt awer net fir Power, dem One For The Road vun den Owend; an op der B-Säit si virun allem d'Singelen déi tëscht 2018 an dësem Joer ausgekoppelt goufen ze fannen. Wonnert iech net wann iech Power bekannt virkënnt; d'Lidd gläicht staark dem Dua Lipa sengem Hit Be The One. Et geet iwwregens ëm Bezéiungen am 21. Joerhonnert a wéi déi vu Social Media, Iwwerflächlechkeet a materiell Saachen diktéiert kënne ginn.