Halli Galli virun exakt 18 Joer op enger Plage am Süde vun England.

Den 13. Juli 2002 war zu Brighton a Groussbritannien eng Party op der Plage geplangt. Eng Party mam Fatboy Slim, Quentin Leo Cook mam richtegen Numm, deen dee Moment mat sengem Big Beat d'Leit op der ganzer Welt begeeschtert hat. Eigentlech hat een deemools zu Brighton mat ronn 65.000 Leit gerechent, am Endeffekt hunn 250.000 Leit fir en Ausnamezoustand op der Plage gesuergt. D'Police huet missen agräifen an d'Party éischter wéi geplangt zoumaachen, eng Persoun ass ëm d'Liewe komm, honnerte goufe blesséiert an e ganze Koup Leit huet missen aus dem Mier gerett ginn. Zu enger 3. Party, dat war nämlech schonn déi 2. ass et ni komm, de Fatboy Slim hat souwisou wësse gelooss datt sech sou een Event nëmme widderhuele géing wann d'Sécherheet vun de Leit garantéiert wier. Deemools op der Setlist vum Fatboy Slim ware Lidder vu Kënschtler wéi Groove Armada, Space Cowboy, Tim Deluxe, X Press 2 a souguer All Saints. D'Party vun deemools gëtt et iwwregens och als Film.