Seet iech d'Lidd Parlez-vous français? nach eppes? Mat deem Stéck huet de spueneschen Duo Baccara Lëtzebuerg beim Grand-Prix Eurovision de la Chanson 1978 zu Paräis vertrueden, et sollt fir eng 7. Plaz duergoen. D'Joer virdrun, 1977, hat den Duo seng grouss Zäit wéi 2 Lidder europawäit d'Hitparade gestiermt hunn.

Dat war Sorry, I'm a Lady a selbstverständlech Yes Sir, I Can Boogie, eng Nummer 1. an Däitschland, an der Schwäiz an och Groussbritannien. Geschriwwe gouf d'Lidd dat haut zu den Disco-Evergreens gehéiert vun den 2 däitsche Produzenten Frank Dostal a Rolf Soja. Baccara waren zwou Dammen; d'Mayte Mateos an d'María Mendiola begéine sech fir d'éischte Kéier am November 1973 beim spuenesche Televisiounsballet an zéien duerno als Venus duerch d'Land, Flamenco war hire Schwéierpunkt. Wärend der dach kuerzer Karriär, 1982 war no geriichtlechen Ausernanersetzungen definitiv Schluss, huet Baccara et fäerdegbruecht deen een oder anere Rekord opzestellen; zum Beispill stoung nach ni eng spuenesch Grupp, respektiv e weiblechen Duo viru Baccara op der éischter Plaz vun den Charts a Groussbritannien.