1998 grënnen de Jim Brimeyer, Jean-Claude Birkel a Michael Parsons d'Grupp Blue Room. E Joer drop gouf mam Daniel Balthasar d'Lëtzebuerger Grupp op erweidert a méi spéit huet och nach d'Emmanuelle Seiwerath op e puer Blue Room-Stécker Cello gespillt. Dat selwecht Joer gewënnt de Quintett de Best Luxembourgish Unplugged Group Contest am Atelier an hat sech domat en Numm am ganze Land gemaach.

24/07/2020 Nei Lëtzebuerger Musek: Blue Room

Viru genee 20 Joer iwwerhëlt de Michel Mootz op der Batterie mat deem den Debutalbum Private Stuff opgeholl gëtt. Duerno kommen 2 Joer mat enger helle Wull Concerten a Festival ier de Michel an den Daniel an d'Ausland studéiere ginn a Blue Room domadder, ongewollt, an e laange Wanterschlof fält.

Trotzdeem ass de Projet Blue Room ni ad acta geluecht ginn an esou, 20 Joer nom Debutalbum, huet d'Grupp erëm beienee fonnt fir nei Musek opzehuelen.