Eent vun de meeschtverkaafte Lidder an der Geschicht ass haut zu Gaascht an der Serie vun de Summerhits. Och dës Kéier si mir an de 70er ënnerwee a ginn an de Kino. Schonn de Musical huet d'Mënsche begeeschtert, d'Verfilmung vu Grease sollt un dee Succès uknäppen.

Ënner anerem duerch d'Lidd You're The One That I Want dat vum John Farrar geschriwwen a vum Olivia Newton John an John Travolta gesonge ginn ass. Et gëtt geschat datt sech d'Lidd weltwäit iwwer 15 Millioune verkaaft huet mat Nummer 1. Placéierungen an Australien, der Belsch, Finnland, Irland, Däitschland, Holland, Groussbritannien an ënner anerem och an den USA. Domat si mir dës Kéier also och iergendwéi zeréck an de 50er, de Musical Grease spillt jo am Joer 1958, wéi den Danny vu sengem Sandy matgedeelt kritt datt hie sech gefällegst unzestrengen huet fir d'Sandy richteg ze behandelen.