Virun 21 Joer war et de Summer vum Lou Bega. Nummer 1. an Däitschland, an der Schwäiz, Éisträich, England a souguer an de States, an dat ëmmer fir direkt e puer Wochen.

Den David Lubega kënnt den 13. Abrëll 1975 zu München op d'Welt. Seng Eltere sinn allebéid an de 70er Joren an Däitschland komm, de Papp kënnt aus dem Uganda, seng Mamm staamt aus Italien. Als Teenager huet de Lou Bega, deemools nach als David e puer Joer zu Miami verbruecht an huet do mat 16 Joer huet säin éischten Titel I need you erausbruecht, dat sinn haut 29 Joer hier.

Zeréck zu München léiert hien e puer intressant Leit kennen; säi Manager Goar B., de Komponist Christian Pletschacher alias "Zippy" an d'Produzenten Achim Kleist a Wolfgang von Webenau. D'Resultat kenne mir haut nach; Mambo No 5. D'Lidd ass e Cover vun engem Lidd vum Perez Prado aus dem Joer 1952 a gëtt de Summerhit vun 1999.