Virun 2 Joer hunn de Charel Geimer an de Bert Jung de Projet Alfalfa gegrënnt. Den Duo vun heiheem huet bis elo éischter op eenzel Lidder gesat, ass awer am Gaangen en éischten Album ze produzéieren. Eent vun hiren neie Lidder, ass gëschter (31/07/2020) offiziell erauskomm. Am Interview mat RTL huet de Charel Geimer d'Zesummenaarbecht mam Tom Gatti, Produzent a Member vu Mad Fox, erkläert, wéi den Duo duerch d'Pandemie komm ass a wat de Message vu So Cold ass, déi nei Single.

01/08/2020 Nei Lëtzebuerger Musek: Alfalfa

Wéi huet Alfalfa d'Coronavirus-Kris erlieft?

Fir eis war et am Ufank net cool. Wéi d'Kris ugefaangen huet sinn eng Partie Concerte confirméiert ginn, en Optrëtt mam Chaild a Maz an der Kufa, den E-Lake, Koll an Aktioun, iwwerall do sollte mir spillen. Dat war eng riseg grouss Enttäuschung. Du war eist Zil méi staark aus der Pandemie zeréck ze kommen. Mir (Charel Geimer & Bert Jung) hunn eis och déi Zäit net gesinn, nëmmen digital geschafft, dat war och en Challenge.

Eppes wat ville Museker feelt, de Kontakt mam Publikum, spréch e Concert; obwuel, et gi jo Alternativen.

Déi online Concerten ass absolut net dat selwecht. Mir hunn e klengen Acoustic-Set den Ament mat deem e puer Optrëtter haten, ënner anerem am Autokino zu Mamer. Deen nächste grousse Concert ass dee mam Chaild a am Maz an der Kulturfabrik den 23. Oktober, woubäi ech fäerten datt deen och ofgesot gëtt.

Ëm wat geet et am neie Lidd So Cold?

Mir stellen d'Fro: "Firwat gi mir ëmmer méi kal an individualistesch an dëser Welt?". Mir hunn d'Gefill datt d'Nächstenliebe ëmmer manner gëtt an datt mir an enger Zäit liewen an där d'Leit eigentlech misste beienee kommen awer de Contraire geschitt.

Wéi wichteg ass den Tom Gatti fir Alfalfa?

Den Tom ass vun Dag 1 un e ganz wichteg Member vun dësem Projet. Hien huet vun Ufank un Alfalfa gegleeft. Hie spillt eng ganz wichteg Roll.

Eppes hu mir nach net gekläert; wéi ass et zum Numm Alfalfa komm?

Mir wossten net wat et géing heesche wéi mir den Numm fonnt hunn. Mir haten e puer Nimm, hunn eis dunn einfach fir Alfalfa decidéiert, firwat, weess kee sou richteg, mä den Numm kléngt cool a gesäit gutt aus. Alfalfa ass eigentlech eng Zort Cresson fir op d'Zalot a schmaacht och nach gutt.

Wéi gesäit et mat zukünftege Kollaboratiounen aus?

Mat wiem mir zesummeschaffe kënne mir nach net soen, mä et si Features geplangt. Mir probéieren do mat Lëtzebuerger ze schaffen an och villäicht Kënschtler aus dem Ausland. Wie weess villäicht och erëm eppes mam Maz well déi Kollaboratioun war super (Your Side).