Och dës Kéier ass danzen d'Haaptelement an der Serie vun de Summerhits. Net verbuede wéi bei Lambada, ma trotzdeem mat vill Kierperkontakt. D'Rees geet zeréck an d'Joer 1996.

Den 29. Mäerz viru 24 Joer gëtt déi éischt Single vum 2. Mr. President-Album We See The Same Sun ausgekoppelt a gëtt am Laf vun de Wochen a Méint duerno en Nummer 1.-Succès an der Schwäiz, an Éisträich an och a Schweden, bei eisen däitschen Noperen, do wou d'Lidd entstanen ass, war op der 2. Plaz vun der Hitparad Schluss. Lady Danii, T-Seven a Lazy Dee; dat waren d'Membere vum Trio Mr. President deen 1996 mat Coco Jamboo e Summerhit feiert. Wien den Text net méi grad virun Aen huet; et geet ëm eng Fra an e Mann déi sech beim Danzen ëmmer méi no kommen; de Rapper Lazy Dee rappt zum Beispill a sengem Deel wéi hien d'Frae mat sengem Danze beandrockt. Coco Jamboo gëtt en europawäiten Erfolleg; Top 10 Placéierungen an Norwegen, Holland, Finnland, Groussbritannien a souguer an Australien an Neiséiland war d'Lidd ganz uewe mat dobäi. An Däitschland steet Coco Jamboo ganzer 30 Wochen an den Top 100 a gëtt 1997 mat engem Echo an der Kategorie Dance Single des Jahres national geéiert.