E Reportage iwwert de Vietnamkrich war den Ausléiser vun engem weltwäiten Nummer 1-Hit.

26/08/2020 HitStory - NINETEEN

Vietnam Requiem“ – en Documentaire vun ABC News aus em Joer 1982 iwwert d'Hannergrënn an dat post-traumatesch Nowierke vum Krich op d'Veteranen. 1984 gouf dësen Documentaire weltwäit gewisen an och de brittesche Produzent a Museker Paul Hardcastle souz deemools doheem viru senger Tëlee.
Besonnesch beandrockt huet en eng Ausso am Reportage, datt den Duerchschnëttsalter vun den US-Zaldoten am 2. Weltkrich bei 26, am Vietnam par konter bei 19 Joer louch.
De Paul Hardcastle, deen iwwregens aus dem Jazz kënnt mä och gären an der elektronescher Musek experimentéiert, wollt dee Reportage artistesch notzen.
Domadder hat de Museker säi Refrain fonnt, en huet e mat engem Elektro-Funk-Rhythmus kombinéiert, eenzel Sätz aus der Dokumentatioun  gesampelt an e Fraechouer agebaut fir de Refrain ze stäipen.
De Spriecher Peter Thomas, deen am Vietnam-Documentaire ze héieren ass, war am Ufank net ganz frou iwwert säin neit, ongewollt Optrieden als Popstar, huet awer uschléissend säin Accord ginn. Déi 2 Auteure vun der Doku, Jonas McCord a Bill Couturié dauchen och als Songwriter mat op, grad ewéi och de Mike Oldfield. Deen hat nämlech de Paul Hardcastle verklot, well e Melodie-Passage am Lidd dach staark un en Extrait aus „Tubular Bells“ géing erënneren.
Am Mee 1985 koum „Nineteen“ am Kader vum 10. Joresdag vum Enn vum Vietnamkrich“ eraus. De Song gouf an 13 Länner en Nummer 1-Hit.