E Laf-Wee am 7/8-Takt op en Hiwwel am Südweste vun England. Dat war den Ufank vum Peter Gabriel senger bemierkenswäerter Solokarriär.

02/09/2020 HitStory - SOLSBURY HILL

Mat "Sledgehammer" konnt de Peter Gabriel 1986 seng al Band vun der Plaz 1 an der amerikanescher Hitparade stoussen. Mä bis dohinner war et e wäite Wee, deen 1974 nom Genesis-Album „The lamb lies down on broadway“ ugefaangen huet.

Bis dohinner war de Gabriel 7 Joer laang de kreative Kapp an theatralesche Frontmann vun der brittescher Prog-Rock-Band. 1975 awer wollt en dat net méi. Musikalesch Differenzen awer och privat Suergen - eng ganz komplizéiert Schwangerschaft vu senger Fra Jill – hunn en dozou verleet, Band a Musek un den Nol ze hänken.
De Gabriel wollt elo mol fir seng Famill do sinn an och selwer zur Rou kommen an zu sech selwer fannen. Dowéinst ass e mat Sak a Pak a seng al Heemecht, de Süd-Weste vun England gezunn. Hei an der Grofschaft Somerset am Duerf Batheaston wollt en elo mol dat rouegt Landliewe genéissen.

Mä de Vollbluttmuseker Peter Gabriel huet et net laang ouni ausgehalen. E war ëmmer nach e bëssche frustréiert iwwert säin Depart bei Genesis a wollt en neien Ufank woen. Wéi deen awer sollt ausgesinn war em nach net kloer. En huet vill nogeduecht an am Beschte konnt en dat beim Lafen oder Trëppelen. Ëmmer nees goung et deen 191 Meter héije Solsbury-Hiwwel, quasi viru senger Hausdier, erop an erof. An deen Hiwwel gouf fir de Gabriel d'Symbol vum Neiufank.

Neiufank bedeit awer och Ongewëssheet – ass deen neie Wee dee gudden? Déi Fro gëtt am Song vun deem ongewéinleche 7/8-Takt ënnermoolt. E weidert Experiment vum Gabriel mat deem e seng Fans aus der Genesis-Zäit mat eriwwer huelen an anengems en neie Public fir sech gewanne konnt. „Solsbury Hill“ koum am Mäerz 1977 eraus, et war den Ufank vun enger grousser Solo-Karriär.