Eng Band, déi sech no hirem verhaasste Sportsproff benannt huet an e Song, deen dem Neil Young den Diks sollt riichten.

07/09/2020 HitStory - SWEET HOME ALABAMA

D'Thema ass den Ament jo nees an der Aktualitéit: Rassismus am Alldag, an den USA a vrun allem an de Südstaaten, der Wéi vu Gospel a Blues, ware bis Mëtt de 60er Joren Rassentrennungsgesetzer un der Dagesuerdnung.
Ugangs de 70er huet de Kanadier Neil Young dat Verhalen an direkt 2 vu senge Lidder opgegraff: „Alabama“ (1972) an deem et ë.a. heescht: „Alabama, du hues eng Laascht ze droen, déi der d'Réckgrat wäert briechen.
An 2 Joer méi fréi: „Southern Man“ mat der Fro un de wäisse Mann a säi Verhalen an der Zäit vun der Sklaverei: „When will you pay them back?“

Eng Band aus dem Nopeschstaat Florida wollt dem Neil Young seng Kritik net einfach esou stoe loossen an huet dem Singer-Songwriter 1973 geäntwert. Musek vun de Gittaristen Gary Rossington an Ed King, den Text vum Sänger Ronnie Van Zant.
„Mir hunn de Mr. Young héiere sangen, wéi en den Alabama erofgemaach huet. Abee mir hoffen, datt den Neil et elo verhält: Männer aus dem Süden brauchen hien hei net ...

Dobäi muss een awer wëssen, datt d'Band dem Neil Young ëmmer gutt gesënnt waren, eng Feindschaft oder Verbattertheet war ni en Thema. Lynyrd Skynyrd kruten dacks de Virworf gemaach, datt hire Song d'Rasseproblematik géing verharmlosen, wien awer den Text mol méi genee analyséiert, kritt séier spatz, datt d'Jongen ganz kloer tëscht Gutt a Béis kënnen ënnerscheeden.

„Sweet Home Alabama“ war dee gréissten Hit fir d'Band, där hir Karriär awer 1977 op tragesch Manéier op en Enn sollt goen: Bei engem Fligeraccident sinn 3 Memberen ëm d'Liewe komm, ënnert hinnen och de Leadsänger Ronnie Van Zant.

Den Numm huet de Grupp iwwregens engem ultrakonservative Sportsproff un der High School zu Jacksonville (Florida) ze verdanken: De Leonard Skinner, e Mann mat enger Virléift fir Disziplin an Uerdung, dee Jonge mat laangen Hoer, déi och nach wëll an haart Musek maachen, am léifste bei der Däiwel gejot hätt. Aus dem Numm Leonard Skinner gouf dunn enges Daags oder no enger laanger Nuecht de Südstaaten-Dialekt „Lynyrd Skynyrd“.

2008 krut d'Lidd eng weider Kéier weltwäit Opmierksamkeet, wéi de Kid Rock et a sengem Summerhit „All Summer Long“ gesampelt huet.