De Sound vun den 80er fënnt ëmmer nees de Wee zeréck an d'Produktioune vun haut, bescht Beispill dierft The Weeknd sinn. Abee dem Miley Cyrus schéngen d'80er och ze gefalen.

Déi nei Single Midnight Sky huet erënnert nämlech net nëmme musikalesch un dat Joerzéngt, och de Video ass zimmlech 80er ugehaucht. An nee; dës Kéier flitt d'Sängerin net plakeg duerch d'Bild, obwuel all ze vill Kleeder gesäit een och net. Am Lidd geet et ënner anerem ëm Onofhängegkeet, deemno och ëm d'Trennung vum Liam Hemsworth. Ob d'Lidd op eng Plack kënnt oder net, weess bis elo nach keen; d'lescht Joer hat d'Miley mol gesot et géing en Album, She Is Miley Cyrus, erauskommen deen aus 3 EPen zesummegesat ass, dee Plang gouf awer elo am August iwwer Bord gehäit. Soll mol ee soen et géinge keng nei Disco-Lidder aus den 80er erauskommen? D'Miley beweist mat Midnight Sky datt et geet.