En Tripp a Südafrika an déi schlecht Aussprooch vun engem franséische Komponist an Dirigent waren d'Ausléiser vum Paul Simon sengem 80er-Hit.

14/09/2020 HitStory - YOU CAN CALL ME AL

Mëtt den 80er huet et de Paul Simon a Südafrika gezunn fir sech hei vun där kultureller a vrun allem musikalescher Diversitéit faszinéieren an inspiréieren ze loossen. Hei an uschléissend doheem zu New York ass aus där Experienz eraus den Album "Graceland" entstanen.
Een Titel sollt eng zum gudden Deel autobiographesch Nummer sinn, d'Geschicht vun engem Museker, deen ouni Erwaardungen an Afrika reest a mat enger Hellewull aussergewéinleche spirituellen Erfarungen zeréckkënnt. Am iwwerdroene Sënn handelt de Song vun engem Mann matzen an der Midlife-Kris. An deem Kontext ass dem Paul en Erliefnes aus em Joer 1970 agefall: Zesumme mat senger deemoleger Fra Peggy Harper huet en doheem a sengem Haus am "Big Apple" eng Party geschmass op där och deen deemools grad nei ernannte Chefdirigent vun den New Yorker Philharmoniker, de Fransous Pierre Boulez invitéiert war. Wosst deen et net besser oder war et säin Accent: Wärend deem ganzen Owend huet de Boulez de Simon mat "Al" amplaz "Paul" ugeriet. A beim Heemgoe sot en: "Léiwen Al, Merci a gréisst mer Är Fra Betty!" "Betty" amplaz "Peggy".
Dorausser gouf bei Simons doheem de Running Gag "Wann ech Betty zu dir soen, däerfs du mech Al nennen."

Domadder hat de Song säin Numm, et war anengems déi éischt Singleauskopplung vum Album "Graceland", op deem jo eng ganz Partie südafrikanesch Museker matgewierkt hunn. Ë.a. den Jazzsaxophonist a Flüttist Morris Goldberg, deen en dach ongewéinlechen Pennywhistle-Solo bäigesteiert huet an de Bassist Bakithi Kumalo, mat engem nach méi aussergewéinleche Bass-Solo: E Palindrom - deen éischten Deel gouf normal opgeholl fir en dann direkt hannendrun hannerrécks lafen ze loossen.

"You can call me Al" war ee vum Paul Simon senge gréissten Hits. Manner an den Charts, dofir awer ëmsou méi op de Radioe weltwäit.