Den israelesche Museker Nir Tibor probéiert fir dat drëtt Joer hannereneen en Hit ze landen. Nach ni eppes vum Nir héieren? Ka gutt sinn, de 27 Joer alen Artist nennt sech nämlech Dennis Llyod.

An deen Numm huet hie sech zougeluecht fir de Leit d'Gefill ze gi se hätten den Numm schonn eng Kéier héieren. Virun 2 Joer steet den Nir, respektiv den Dennis, mat Nevermind an den Charts, weltwäit, d'lescht Joer huet hie mat Never Go Back nogeluecht. Alien heescht dann d'Lidd dat dëst Joer d'Leit beréiere soll, et ass ganz perséinleche Réckbléck op déi lescht 2 Joer; an dëser intimer Geschicht geet et ëm d'Turbulenzen déi en internationalen Duerchbroch mat sech brénge kënnen. Donieft ass Alien och e Virgeschmaach op säin Debutalbum.