11 Oscaren, dovunner der 2 fir d'Musek: Dem James Cameron säin "Titanic" huet Geschicht geschriwwen an d'Céline Dion gouf definitiv e Weltstar. Allerdéngs hat déi kanadesch Sängerin ugangs net vill Loscht op den Titelsong.

16/09/2020 HitStory - MY HEART WILL GO ON

Déi amerikanesch Kënschtlerin a Schrëftstellerin Beatrice Wood war dem James Cameron seng Virlag fir d'Roll vun der Rose. Eng exzentresch Artistin, déi sech vu kengem wollt draschwätze loossen an déi am Alter vun 100 Joer an engem Documentaire portraitéiert gouf. Mä net nëmmen de Cameron, och de Filmkomponist James Horner, deen d'Beatrice Wood perséinlech kennegeléiert hat, war vun där Damm impressionéiert. Zesumme mat sengem Frënd an Texter Will Jennings war et d'Inspiratioun fir e Lidd, dat engem Film säi Stempel sollt opdrécken. E Film, vun deem et allerdéngs zu deem Moment just en Dréibuch gouf.

Nodeems Horner an Jennings dem Regisseur hir Musek proposéiert haten, huet deen ugangs net därmoosse begeeschtert reagéiert. Déi 2 hunn awer net labber gelooss a haten nëmmen 1 Numm am Kapp, deen déi Nummer kéint sangen: Céline Dion.

Et war der Céline Dion hire Mann a Manager René Angélil, deen d'Sängerin awer konnt iwwerrieden, op d'mannst mol eng Demo-Versioun opzehuelen.
Dës eenzeg Demo-Versioun war also déi gutt, natierlech huet d'Céline Dion den Titel duerno nach gefillten 1000 mol gesongen, eng Powerballade als musikalesch Visittekaart, e weltwäiten Nummer 1-Hit, Grammy- an Oscar-gekréint.

Den Ënnergang vun der Titanic konnt zwar net verhënnert ginn, d'Rose konnt den Jack net retten an de Komponist James Horner ass 2015 bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe komm. Der Céline Dion deet et haut op alle Fall net leed, datt se deemools, 1997, op hire Mann gelauschtert huet.