Et gëtt Neits vum amerikanesche Multiinstrumentalist a Sänger Matt Simons. De Kalifornier huet virun 8 Joer säin Debutalbum Pieces erausbruecht, den Duerchbroch koum mat der 2. Plack Catch & Release an aktuell geet et a Richtung 4. Album.

Domat ass Better Tomorrow dann och dat éischt neit Lidd fir de Matt Simons dëst Joer. Hie bréngt et alt erëm fäerdeg agreabel Melodië an Iddie mat engem perséinleche Message ze kombinéieren. D'Thema dës Kéier beim Matt Simons: Panikattacken. Eppes mat deem de Kënschtler selwer geplot ass; an engem Interview erzielt de Matt datt hie mat 18 seng éischt Panikattack hat, dat war sou eng schlëmm Erfarung datt hien an et Spidol gaangen ass well en Angscht hat e géing stierwen. Et wier e ganz komescht Gefill wann d'Gehier e Gefill vu Gefor ausléist wann iwwerhaapt näischt ze fäerten do ass. Dorëms geet et also am Lidd Better Tomorrow; a punkto Musek genee dat Richtegt fir dëse waarme September.