De leschte Mount huet d'Katy Perry e 5. Album erausbruecht. Vu Smile ginn et net manner wéi 6 Singlen, dorënner dann och Cry About It Later.

Parallel mam Release vum Album Smile, goufen am August och 6 nei Videoe fir d'Lidder Never Really Over, Harleys In Hawaii, Tucked, Champagne Problems, Resilliant an eben och Cry About It Later. Déi nei Biller si mam Zousaz The Smile Video Series gekennzeechent, soss weess ee jo net wéi een deen alen a wéi een deen neie Video ass. De Gros vun den neie klenge Filmercher ass animéiert, also kleng Cartoons, an am Video fir Cry About It Later gesäit een d'Katy op engem Biesem fléien, et begéint ee Prënzen, Elfen, Vampiren an Engelen an nodeems d'Katy op engem Draach a mat Einhörner geridden ass, knuutscht d'Sängerin nach mat enger Fra. Am beschten dir kuckt selwer.