The Boss is back. An zwar relativ spontan. Eréischt virun enger décker Woch huet d'Informatioun d'Ronn gemaach datt de Bruce Springsteen eng nei Plack erausbréngt. An déi léisst net laang op sech waarden.

Letter To You ass scho fir den 23. Oktober geplangt, am ganze ginn et 12 Lidder, 9 Neier an 3 Stécker déi nach virum Debutalbum Greetings From Asbury Park, N.J. entstane waren. Et huet een d'Gefill de Boss a seng E Street Band wieren dës Kéier liicht presséiert gewiescht; d'Opnamen hunn nëmme 5 Deeg gedauert. Liest een d'Commentairë vum Boss, respektiv vun de Bandmemberen, stellt ee séier fest datt dës Experienz, wéi et schéngt, jidderengem gutt gefall huet. Fir de Bruce Springsteen wier et eng vun de beschten Experienzen am Studio mat der E Street Band. Éischt Single ass den Titelsong Letter To You.