Och fir Silbermond war dëst Joer anescht. Zwar konnt d'Grupp vu Bautzen hir Tour ronderëm de leschten Album Schritte fäerdeg maachen, ma trotzdeem feelt hinnen d'Live-Sensatioun.

Déi lescht Méint, virun allem elo de Summer, huet d'Grupp mam Lidd Ein anderer Sommer veréiwegt; den Titel ass, wéi d'Sängerin an engem Interview erkläert huet, duerch déi aktuell Situatioun entstanen. D'Stefanie denkt awer net un d'Artisten eleng; jiddereen deen eppes mat Eventer ze dinn huet, ass vun der Kris betraff. Dat geet vun der Persoun déi d'Plakater ophänkt, iwwer d'Tountechniker bis bei déi Persoun déi hannen am Eck vum Concertssall normalerweis de Béier zaapt. En neien Album ass net geplangt, duerfir kënnt Enn Oktober Schritte nach eng Kéier eraus, do drop fënnt ee Machen wir das Beste draus dat wärend dem Lockdown geschriwwe gouf, Mein Osten wat bis elo nach op kengem Silbermond-Album drop ass, Ein anderer Sommer an nach en anert, fonkelneit Lidd. Parallel kënnt dann och nach e Livealbum an d'Butteker.