Fänke mir mol mat der schlechter Nouvelle un; déi iresch Grupp Walking On Cars huet sech den 21. August dëst Joer opgeléist. Déi gutt Nouvelle; de Patrick Sheehy a seng Kolleege soe mat enger EP Äddi.

Déi ass dann och schonn dobaussen, Clouds ass dee selwechten Dag wéi d'Annonce vum Split verëffentlecht ginn. Viru 7 Joer sinn d'Ire mat hirem Hit Speeding Cars grouss erauskomm, elo ass dann ebe Schluss an déi eenzel Membere ginn an Zukunft hiren eegene Wee, alles ass deemno net verluer. Ënnert de 6 neie Lidder vun der EP Clouds ass dann och den Titel Try Again ze fannen. A wann een dee sou lauschtert, fält engem eigentlech nëmmen ee Wuert an "Schued".