En New Age-Song vum Enya, dee scho bal nees a Vergiessenheet gerode war. Bis deen Dag koum, deen d'Welt verännere sollt.

05/10/2020 HitStory - ONLY TIME

Wéi aus engem mysteriéisen Niwwel ass déi iresch Sängerin Eithne Pádraigín Ní Bhraonáin 1988 opgedaucht, waarm a mystesch, melancholesch Kläng, Musek e bëssche wéi aus enger anerer Klang-Welt.
Der Enya hiren „Orinoco Flow“ huet dem New Age neit Liewen agehaucht, de Genre war op eemol nees populär och wann der Musekerin hir nächst Produktiounen e bësschen op der Plaz getrëppelt sinn.
Am November 2000 koum hire 5. Album „A Day Without Rain“ eraus, d'Promotioun vun der Singleauskopplung „Only Time“ koum awer iergendwéi net un d'Rullen. Dat hat zum groussen Deel och domadder ze dinn, datt d'Enya seele bis guer net live opgetratt ass. D'Geleeënheet koum dunn awer, wéi de Song am Film „Sweet November“ mat Keanu Reeves a Charlize Theron agesat gouf.
Allerdéngs war de Feedback, resp. de kommerziellen Effekt och net am Sënn vun den Erwaardungen, sou datt „Only Time“ lues a lues nees an der üblecher  Irrelevanz ënnergedaucht ass.
Bis deen Dag koum, deen d'Welt verännere sollt.
Nom 11. September 2001 hunn engem dacks d'Wierder gefeelt, och villen Televisiounssenderen, déi mat „Only Time“ déi ideal Hannergrondmusek fonnt haten, fir déi ergräifend a verdrësslech Biller z'ënnermolen.
De Song, deen de Message vermëttelt, datt nëmmen Zäit a Gedold eis Froe beäntwert a Wonnen heelt, gouf an den USA der Sängerin hire bis haut eenzegen Nummer 1-Succès.
D'Enya huet iwwregens all Erléis vum Verkaf un d'Famillen vun den Affer vum 9/11 gespent.