Lidd Nummer 2 vu Bastille fir dëst aussergewéinlecht Joer ass do.

No What You Gonna Do??? ass et elo u Survivin', e Lidd dat eigentlech schonn Enn d'lescht Joer fäerdeg war an dunn ass de Virus komm. Geplangt war eigentlech e Réckbléck op d'Héichten an Déifte vun der Grupp, deen ass et eigentlech och nach ëmmer, ausser datt nach eng Pandemie dat Ganzt ergänzt. An engem Interview erkläert de Sänger Dan Smith datt wéi de Lockdown ugefaangen huet hie sech ganz genee bewosst war datt hei e Lidd geschriwwe gouf dat sech relevant ufillt ouni datt et esou virgesi war, op déi aner Manéier ass dunn awer och de Gedanke komm datt dëst Joer vill Leit opgehalen hu sech virzemaachen et wier alles an der Rei. Kléngt eigentlech alles zimmlech däischter, ma Survivin' kléngt definitiv anescht; erfrëschend, groovy, also net grad wéi ee Bastille an Erënnerung huet.