Dee klenge Lord an d'Reklamm vun der Jeansbox. Wéi aus enger Pub an de 70er Joren bannt enger hallwer Stonn e Welthit gouf.

07/10/2020 HitStory - JEANS ON

De Lord David Paul Nicholas Dundas, e jonke Mann mat bloem Blutt, gebuer 1945 zu Oxford, hat u sech net terribel Loscht op déi nobel a exklusiv High Society, weder op de Five o'clock Téi nach op Polo oder Golf.
Dee jonken David huet sech fir Konscht interesséiert a sech an eng Theater-Ausbildung an der Royal Shakespeare Company lancéiert. No klenge Niewerollen an diverse britteschen Tëleesserien an och zwee Filmer huet e Mëtt de 70er säin Häerz fir d'Musek entdeckt.
Méi ewéi d'Konzipéiere vu klenge Reklammespotte fir Chips a Gillette war awer net dran, den David war trotzdeem zefridden a konnt sech vu senger klenger Pai endlech de Wonsch vun engem Motorrad erfëllen.
Am Summer 1976 krut en a sengem klenge Büro zu London-Soho en neien Optrag: D'Produktioun vun engem 30 Sekonne-Spott fir eng Jeans-Mark mam Numm „Brutus“. Et huet net laang gedauert, bis den David eng Melodie am Kapp hat an d'Pub an der Këscht war.

Der Jeans-Mark „Brutus“ huet et zwar net immens vill bruecht awer d'Pub ass an de Kapp hänke bliwwen. E klengen Ouerwuerm, deen den David Dundas dunn zu méi animéiert huet. Bannt enger hallwer Stonn huet en d'Reklamm op iwwer 3 Minutte ausgebaut, e puer Textzeilen dobäi gefléckt an d'Wuert „Brutus“ duerch een neutraalt „ol' blue“ ersat.

Jeans On“ gouf e Welthit, de Dundas war op de Goût komm an huet e ganzen Album nogeschoss, et sollt awer bei deem One Hit Wonner bleiwen.
Den David Dundas lieft haut a Südfrankräich an dierft och do ville Leit keen Onbekannte sinn. En huet nämlech och eng franséisch Versioun vu senger Jeansbox opgeholl ...