No nëmmen 2 Joer kënnt de 6. November dem Kylie Minogue säin nächsten Album eraus. Den Numm ass Programm: Disco.

Dat ass da schonn de 15. Album vun der Sängerin aus Australien dee wärend 2 Joer, 2019 an 2020, opgeholl ginn ass. Am Juli gouf déi éischt Single Say Something virgestallt, elo huet Magic Première gefeiert, de Video ass mol nach keen Dag al (d'Première war de 24. September um 20:00). An engem Interview huet d'Kylie d'Konzept vun der neier Plack erkläert; d'Motiv vun der Disco ass, datt et engem waarm ass an datt ee schweesst. Do kann een an engem iwwerfëllte Raum sinn, ma wann een d'Aen zoumécht an d'Musek an d'Gefiller u sech eruléisst, kann et engem virkomme wéi wann een a senger ganz eegener Welt wier. Villäicht klappt dat jo och mat Magic.