D' "Miss Black Minnesota" vun 1976 an e Bluesrock-Song vum leschten "Doors"-Album vun 1971 si matresponsabel fir en Disko-Klassiker tëscht de Joerzéngten.

09/10/2020 HitStory - FUNKY TOWN

Am Summer 1979 koum den amerikanesche Museker a Produzent Steven Greenberg zu Minneapolis beim Plackelabel „Casablanca“ ugedanzt, mat dobäi hat en déi selwer-komponéiert Nummer „Rock it“.
Zu senger grousser Freed ass säi Wierk net op daf Ouere gestouss, „Rock it“ gouf e klengen Hit an d'Plackefirma huet dem Greenberg d'Propose vun engem kompletten Album gemaach. Well dat dem Steven awer als 1 Mann-Betrib ze vill gouf, huet e kuerzerhand de Projet „Lipps Inc.“ an d'Liewe geruff: E puer lokal Studiomuseker an eng Sängerin mam Numm Cynthia Johnson, eng fréier „Miss Black Minnesota“ iwwregens.
Op dësem 1. Album sinn allerdéngs nëmme 4 Lidder ze fannen, 4 laang Disco-Nummeren, eng nei Versioun vu „Rock it“ an den Titel „Funky Town“. E Song, an deem de Steven Greenberg am Text säi Wonsch ausdréckt, Minneapolis ze verloossen an an där virtueller Metropol „Funkytown“ Fouss ze faassen.

Funky Town“ gouf bannt nëmmen e puer Wochen e Megasuccès. Den Disco-Sound aus de 70er huet zwar lues a lues der New Wave an dem Synthiepop musse Plaz maachen, mä dat heite war u sech dee perfekten Iwwergang: Dance, Keyboards, eng markant Stëmm an: e Riff, deen engem net méi wollt aus den Ouere goen.
Allerdéngs war de Greenberg dat Motiv bei eng Doors-Nummer vum Album L.A. Woman vun 1971 klauen, knäipen oder léinen.
Am Videoclip sinn iwwregens zwou sexy blond Dammen ze gesinn, déi nawell ganz engagéiert sangen an danzen. Datt d'Stëmm awer déi vun der Cynthia Johnson ass, gouf eréischt an de Wochen duerno bekannt.
Lipps Inc.“ ass dann och dat passend Wuertspill. Zesummegesat aus „lip“ a „sync“, also lëppesynchron – wann ee Playback séngt.
Funky Town“ sollt e One Hit Wonner bleiwen, „Lipps Inc.“ huet sech 1985 nees opgeléist. De Steven Greenberg huet an de Joren duerno als Designer geschafft, d'Cynthia Johnson ass zeréck bei hire Gospel-Chouer „Sounds of Blackness“ gaangen.
2013 huet se hiren 1. Solo-Album „All That I Am“ erausbruecht.