Den Jack, Ryan an den Adam Metzger, iwwregens Bridder, maachen Indie Pop dee virun allem Uklang an hirer Heemecht, den USA, fënnt, dofir kann e gutt sinn datt den Numm AJR hei net grad sou geleefeg ass.

Bis op e puer Placéierungen an den Charts a Skandinavien an och an der Belsch, hunn déi 3 Bridder also virun allem Succès an de States. AJR sinn d'Ufanksbuschtawe vun hire Virnimm net méi net manner. Hire leschten Album Neotheater hat et vun der 0 op d'8. vun den amerikaneschen Albumcharts gepackt, dat war dann och déi éischt Top 10-Placéierung fir den Trio. An et geet monter weider mat der Musek an et gesäit no engem weideren Album aus, well Bang!, an och elo Bummerland, si bis elo op kenger Plack ze fannen. A Bang! geet et ëm déi Zäit tëscht Kand an Erwuesse si wou ee Saache maache soll déi een als Erwuessenen ebe sou mécht, sech awer nach net Erwuesse genuch fillt.