Kéint ee bal mengen et wieren Irland-Wochen an dëser Rubrik. E Méinde ware mir an Nordirland beim JC Stewart, haut geet et an de Südoste vun Irland an d'Géigend vu Kilkenny bei de Robert Grace.

Dee gëtt den Ament reegelrecht a senger Heemecht gefeiert. A mat wat? Mat Recht. Fake Fine ass e Feel-Good-Lidd, oder nach besser gesot e Get-Well-Lidd. Et geet ëm sou ze maache wéi wann et engem gutt geet, obwuel dat iwwerhaapt net de Fall ass. Wann alles iergendwéi opgesat ass. D'Situatioun selwer ass villäicht guer net sou schlëmm, mä trotzdeem stëmmt aus iergendengem Grond eppes net an et probéiert een ze verstoen, wourun dat läit, sou de Robert Grace an engem Interview. Wéi gesot d'Lidd geet den Ament duerch de Plaffong, op TikTok gëtt et souguer en Challenge ronderëm d'Lidd, ze fanne mam #fakefinechallenge.