Beim Numm Sandro Cavazza denkt een zimmlech spontan un Italien. Ass an dësem Fall awer net sou, de Sandro kënnt aus Schweden.

Säi Gebuertsdatum ass och eigentlech liicht ze verhalen, den 11. September 1992 kënnt de Sandro zu Stockholm op d'Welt. Schonn an der Primärschoul entdeckt hie seng Passioun fir d'Musek a studéiert méi spéit zu Los Angeles um College of Music. Zënter enger Zesummenaarbecht mam Avicii viru 5 Joer, héiert een den Numm vum schwedesche Popsänger a Songwriter méi heefeg. Am Summer 2016 stoung d'Lidd Beautiful mam Lost Frequencies op der éischter Plaz vun der belscher Hitparad an nach méi Opmierksamkeet gouf et duerch Without You, alt erëm eng Kollaboratioun mam Avicii. Dëst Joer si schonn 2 Lidder vum Sandro erauskomm, Sad Child a Forever Yours a mat Lean On Me gëtt et zënter e puer Deeg eng fonkelnei Nummer déi dann och op der EP Weird and Talkative ze fannen ass, d'EP kënnt den 13. November eraus.