Do war awer ee laang am Studio. Ok, déi Geschicht mam Virus huet warscheinlech vill dozou bäigedroe ma elo ass nei Musek vum Axel Bosse, kuerz Bosse do. Et kann ee sech also och op säin 8. Album virbereeden.

Der letzte Tanz ass den éischte Worf vu méintlaanger Aarbecht am Studio. De Songwriter vun Hamburg huet natierlech och d'Erfarungen aus de leschte Méint a sengem neie Lidd verschafft. De Message ass ganz einfach; genéiss de Moment a sief dir bewosst datt een den Dag drop déi schéi Saachen villäicht guer net méi maache kann. Eng grandios Momentopnam vun deem ganzen Zirkus.