Grouss Gefiller, grouss Skepsis an um Enn e grousse Succès. En Duo, deen am Ufank kee sollt sinn an e Sänger, deen iwwerhaapt keng Loscht hat.

09/11/2020 HitStory - UP WHERE WE BELONG

Esou kléngt et an der Versioun vun der Kanadierin Buffy Sainte-Marie, déi et zesumme mat hirem Mann a mam Countrymuseker Will Jennings komponéiert huet. En Optrag fir de Film "An Officer and a Gentleman" mat Richard Gere an Debra Winger. Den Text vum Lidd ass dann och un d'Story vum Film gebonnen: Eng ongläich Koppel, déi trotz villen Hürden (Bierger a laang Stroossen) Schrëtt fir Schrëtt de Wee beienee fënnt.
Fir d'Interpretatioun haten déi Reponsabel déi bis dato nach relativ onbekannt Jennifer Warnes erausgewielt. De Regisseur Taylor Hackford huet dunn awer gemengt, et misst een där Damm e Partner un d'Säit stellen, een, deen dem Song méi Charakter verpasst. Well iwwerzeegt war am Ufank kee vun "Up where we belong".

Vrun allem den Joe Cocker hat, wéi en d'Demo-Versioun vun der Buffy Sainte-Marie zu Ouere krut, iwwerhaapt keng Loscht esou eng "Schnulz" ze sangen. An dann och nach am Duett. Fir hie war et luesgekachte "Cowboy-Musek". Allerdéngs huet en sech séier anescht decidéiert. Seng Karriär war zu där Zäit, Ugangs den 80er, net grad vum Succès gekréint, en hat also quasi keng aner Alternative ewéi d'Propose unzehuelen.
Well en deen Ament grad op Tournée war, ass en an engem Nomëtten op L.A. geflunn fir owes dann awer nees live op der Bün ze performen. Mëttlerweil hat de Produzent Stewart Levine den Titel nei arrangéiert. De Kontrast war d'Léisung: dee rauen zerkraazten Joe an dat sënnlecht a rengt Jennifer, eng perfekt Harmonie.  E mëttelméissege Love-Song hat sech elo an eng brillant Pop-Ballade verwandelt.

"Up where we belong" ass um Enn vum Film ze héieren a koum am Juli 1982 als Single eraus. De Song gouf net nëmmen eng Nummer 1 an den USA mä krut och nach en Oscar, e Golden Globe an e Grammy.