80er Kult, perfekte Rock an e Cameo-Optrëtt. Eng Zäitrees huet dem Huey Lewis seng Karriär definitiv no vir katapultéiert.

11/11/2020 HitStory - THE POWER OF LOVE

Et ass ee vun de Kultfilmer aus den 80er: "Back to the Future" - d'Rees vum Teenager Marty McFly dee mat Hëllef vum Doc Brown sengem an eng Zäitmaschinn ëmgebaute Sportswon an d'50er Joren zeréck reest.
E Film vum Robert Zemeckis, Bob Gale a Steven Spielberg, deen d'Dréibuch produzéiert huet. De Spielberg war zu där Zäit e grousse Fan vun der New Yorker Band "Huey Lewis & the News". Coolen, riichten a proppere Rock & Roll, dee perfekt a säi Film gepasst huet.
De Museker gouf also kontaktéiert a gefrot, ob en e passende Song fir de Film kéint liwweren.
Et war de Gittarist Chris Hayes, deen eng instrumental Demo op Cassette opgeholl a sengem Patron Huey déi a säi Walkman gedréckt huet. De Huey ass domadder jogge gaangen, war zu deem Zäitpunkt frësch bestuet an ëmmer nach am 7. Himmel. D'Kraaft vun der Léift, dee Saz ass ëm net méi aus dem Kapp gaangen.

Spielberg a Zemeckis haten elo hire Song a ware begeeschtert. Esou begeeschtert, datt se souguer dem Dréibuch e klengen Twist verpasst hunn: Am Film ass de Marty McFly (alias Michael J. Fox) selwer e grousse Huey Lewis-Fan. A spillt dann och bei engem Concours mat senger Schülerband "Pinheads" d'Nummer virun enger Jury.
Allerdéngs huet de President vun der Jury gemengt, esou Musek wier eng Grimmel ze haart. De President, gespillt vum Huey Lewis.

"The Power of Love" war natierlech dee ganz groussen Duerchbroch fir "Huey Lewis & the News", 1985 eng Nummer 1 an de States an, grad ewéi de Film, totalen 80er Kult!